
Centre d’accueil Nature et Forêt « Mirador »
Naturschutzzentrum « Mirador »
1, rue Collart à Steinfort
B.P. 38 L-8401 Steinfort
Le 11 juillet 2008, a été inauguré ce nouveau centre qui héberge le bureau du préposé-forestier du cantonnement de Koerich, une salle d’exposition ainsi que le bureau d’accueil du label FSC (ForestStewerdship Council). Le bâtiment est le dernier immeuble restauré faisant partie du site de l’ancienne usine à Steinfort.
Contact:
Marc Parries, garde-forestier Tel: 39 79 31 marc.parries@ef.etat.lu
Am Joer 2008 konnt de neie Naturschutzzentrum MIRADOR zu Stengefort offiziell ageweit ginn. D’Gebei ass dat läscht Bauwierk wat am Kader vun der Restauratioun vun der Stengeforter Schmelz mat Hellef vu Sites et Monuments an d’Reih gesat gouf. D’Gemeng huet de Bau un d’Forstverwaltung verlount. Do ass elo de Fieschterbüro ënnerbruecht an den Atelier vun de Bëschaarbechter soll am ënneschten Deel installéiert ginn. Op dem ieweschte Stack befanne sech de Büro vun FSC Lëtzebuerg (Forest Stewardship Council) an den Emfangszentrum vun der Forstverwaltung. Hei soll en Zentrum fir Naturerliewnis fir Kanner, Bierger an Touristen entstoen, die d’Naturschutzgebidd „Stengeforter Steekaulen an d’Habitatzone Äischdall wëlle kenne léieren.






















