Opruff fir Propose fir en Numm fir zwou nei Strooss vum Lotissement „Äischzenter“ zu Stengefort

Opruff fir Propose fir Nimm fir zwou nei Stroossen am Lotissement „Äischzenter “ zu Stengefort

Am Kader vun der zweeter Exekutiounsphase vum Deelbebauungsplang « Äischzenter » zu Stengefort, ginn e puer nei Stroosse gebaut fir déi e Numm festgeluecht muss ginn.

Am Laf vun der éischter Exekutiounsphase vum Deelbebauungsplang sinn zwee Nimm gestëmmt ginn, rue « Beim Kréimer » a « Rue Ermesinde ». Déi lescht gëtt an de Phasen 2 an 3 vum Projet erweidert. Dës Stroossen erënneren un d’Vergaangenheet vu Stengefort. D’Strooss “Beim Kréimer” erënnert zum Beispill un d’Atelieren déi deemools do an der Géigend waren.

De PAP « Äischzenter » ass e gemëschte Projet mat Commercen, Büroen a Wunnunitéiten.
An der Phase 1 déi momentan gebaut gëtt, sinn etlech gemëschte Gebaier a Residencen.
D’Phase 2 an 3 vum PAP bestinn haaptsächlech aus Residencen. An der 2. Phase sinn och eenzel Familljenhaiser an eng ëffentlech gréng Fläch geplangt. Ëmweltschounend Verbindunge mam Zentrum vu Stengefort sinn och geplangt.

Well et eis um Häerz läit eis Awunner zur Sprooch kommen ze loossen, lancéiere mir een Opruff un Är Kreativitéit. Dir kënnt eis Är Propose fir déi zwee nei Stroossennimm  (am léifsten op lëtzebuergesch), déi duerch dësen Deelbebauungsplang entstanen sinn, eraschécken. E puer Reflektiounspisten: Flouernumm ; e Floss ; Funktioun an der Vergaangenheet ; Perséinlechkeeten ; Kulturhistoresch Valeur ; Geschicht ; Eegenaarteges vun der Plaz.

Loosst Ärer Fantasie fräie Laf a schéckt eis Är Proposen (eventuell mat Ärer Begrënnung) via de Kontaktformulär hei drënner bis de 15. November 2018 um 16:00 Auer eran oder rufft eis un um Telefon 399313-246.

Mir wäerten all Är Propose mat groussem Interessi analyséieren an dem Gemengerot a senger nächster Sëtzung eng Virauswal proposéieren, deen dann eng Decisioun wäert huelen.

Mir soen Iech am Viraus ee ganz grousse Merci fir d’Matmaachen.

De Schäfferot.

Appel à propositions de noms pour deux nouvelles rues situées dans le lotissement " Äischzenter" à Steinfort

Appel à propositions de noms pour deux nouvelles rues situées dans le lotissement « Äischzenter » à Steinfort.

Dans le cadre de la deuxième phase d’exécution du plan d’aménagement particulier (PAP) « Äischzenter » à Steinfort, plusieurs nouvelles voies de circulation seront créées pour lesquelles un nom doit être déterminé.

Deux noms de rues ont déjà été attribués lors de la première phase d’exécution du PAP précité à savoir la rue « Beim Kréimer » et la « Rue Ermesinde ». Cette dernière se prolonge dans les phases 2 et 3 du projet. Ces rues font référence au passé de Steinfort. La rue « Beim Kréimer » fait par exemple référence aux ateliers présents à cet endroit autrefois.

Le PAP « Äischzenter » est un projet mixte composé de commerces, bureaux et unités de logement. La phase 1 actuellement en cours de construction prévoit plusieurs constructions mixtes ainsi que des immeubles entièrement résidentiels. Les phases 2 et 3 sont essentiellement composées par des immeubles résidentiels. Dans la phase 2 on trouve également plusieurs maisons unifamiliales ainsi qu’un espace vert public. Des connexions douces avec le centre de la localité de Steinfort sont également prévues.

Pour la phase 2, deux noms de rues restent à déterminer (voir plan ci-joint). Comme nous avons à cœur d’écouter nos habitants, nous faisons appel à votre créativité en nous proposant un nom (de préférence en luxembourgeois) pour ces nouvelles rues situées dans ledit PAP. Plusieurs pistes de réflexions: lieu-dit ; cours d’eau ; fonction dans le passé ; personnalité ; patrimoine culturel ; histoire ; particularité du lieu.

Veuillez nous communiquer votre idée/vos idées (le cas échéant avec votre argumentation) moyennant le formulaire de contact ci-dessous ou par téléphone:
399313-246, jusqu’au 15 novembre 2018 16:00 heures au plus tard.

Nous examinerons toutes vos propositions avec grande attention et soumettrons une présélection au Conseil communal, qui va délibérer sur les différentes propositions.

Nous vous remercions d’avance pour votre participation.

Le Collège des Bourgmestre et Échevins.