Leader Lëtzebuerg-West

Wëllkomm an der Regioun Lëtzebuerg West!

LEADER ZENRUM-WESTEN LOGO RVB

Nëmmen 15 km vun der Stad Lëtzebuerg ewech, fänkt d’Regioun Lëtzebuerg West un. Mat hiren idyllesche klenge Dierfer niewt beliewten, stiedtesche Ballungszentren konnt sech d’Regioun hiren onverwiesselbare ländleche Charakter erhalen. Entdeckt d’Regioun Lëtzebuerg West an hiert räicht Kulturierwen mat prehistoresche Fliehbuergen, Spuren aus réimescher Zäit, mëttelalterleche Buergen a Schlässer, an interessanten industrielle Denkmaler. Erlieft en onvergläichlech schéine Naturraum bei laange Spadséiergäng duerch Däller vun der Mamer an der Äisch oder verbréngt schéi Stonnen op engem vu ville flotten Evenementer!

D’Regioun Lëtzebuerg West ass duerch den Zesummeschloss vun aacht Gemengen am Westen vu Lëtzebuerg entstanen. Zesumme maachen si sech vir di touristesch, sozial an kulturelle Weiderentwécklung vun der Regioun staark. Ënnerstëtzt ginn si dobäi vum Europäeschen Fuerderprogramm LEADER. Liest alles iwwer d’Regioun, di aacht Gemengen op www.letzebuergwest.lu.