LEADER Zentrum Westen

Wëllkomm an der Regioun Zentrum Westen!

LEADER ZENRUM-WESTEN LOGO RVB

Nëmmen 15 km vun der Stad Lëtzebuerg ewech, fänkt d’LEADER Regioun Zentrum Westen un. Mat hiren idyllesche klenge Dierfer niewt beliewten, stiedtesche Ballungszentren konnt sech d’Regioun hiren onverwiesselbare ländleche Charakter erhalen. Entdeckt d’Regioun Zentrum Westen an hiert räicht Kulturierwen mat prehistoresche Fliehbuergen, Spuren aus réimescher Zäit, mëttelalterleche Buergen a Schlässer, an interessanten industrielle Denkmaler. Erlieft en onvergläichlech schéine Naturraum bei laange Spadséiergäng duerch Däller vun der Mamer an der Äisch oder verbréngt schéi Stonnen op engem vu ville flotten Evenementer!

D’LEADER Regioun Zentrum Westen ass duerch den Zesummeschloss vun néng Gemengen am Westen vu Lëtzebuerg entstanen. Zesumme maachen si sech vir di touristesch, sozial an kulturelle Weiderentwécklung vun der Regioun staark. Ënnerstëtzt ginn si dobäi vum Europäeschen Fuerderprogramm LEADER. Liest alles iwwer d’Regioun, di néng Gemengen op www.leader.lu/zentrumwesten.